CD-Klassik
Dem Gustav Mahler seng 9. Symphonie
Als laangjärege Chefdirigent vum Concergbouw-Orchester zu Amsterdam kennt de Mariss Jansons säi Mahler. De Gustav Mahler ass omnipresent am traditiounsräiche Concertshaus, den Orchester war am Ufank vum 20. Joerhonnert ee vun deenen éischte wichtegen Ensembelen, deen dem Mahler seng Musek konsequent promovéiert huet. All dat huet sech op de Mariss Jansons iwwerdroen, deen dës Mahler-Traditioun och a senger Funktioun als Chefdirigent vum Symphonieorchester vum Bayresche Rundfunk weiderféiert. Elo ass eng Opnam vun där 9. Symphonie erauskomm.