Zanter hire Studien am Stater Conservatoire beim Alex Mullenbach a beim Claude Lenners ass d'Komponistin Tatsiana Zelianko fest zu Lëtzebuerg etabléiert. D'Musekerin mat wäissrussesche Wuerzelen huet sech an der einheimescher Musekszeen een Numm gemaach a kritt regelméisseg Commanden - wéi d'lescht Saison vum CAPE zu Ettelbréck fir ee Sträichquartett oder vum Festival Rainy Days fir Filmmusek. Muer den Owend (7.4.2017) proposéiert d'Abtei Neimënster Musek vun der Tatsiana Zelianko.
Illusioni
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow