CD-Klassik
A Midsummernight's Dream
Poetesch-sënnlech Elfen, rustikal, ongehuwwelt Handwierker, houfreg Aristokraten - ee ganzen Universum vu Charaktere leeft sech am Sommernachtstraum iwwert de Wee. A wat de Shakespeare esou genësserlech a Wierder a Versen op d'Bühn bréngt, dat setzt de Felix Mendelssohn Bartholdy mat onmoosseger Fantasie an Nouten ëm. D'Ouverture an d'Bühnemusek sinn alles anescht wéi ee One-Hit-Wonder, éischter een Chartbreaker an der Klassik - an dat zënter 190 Joer, zanter der Première zu Stettin. Elo hunn de Sir John Eliot Gardiner, de Lodnon Symphony Orchestra an de Monteverdi Choir d'Ouverture an d'Bühnemusek nei opgeholl.