CD-Klassik
Grouss Oper um Piano
Opere-Fantasien a -Paraphrasen waren am 19. Joerhonnert ee Renner. Well et jo nach keng Opname gouf, war et fir vill Melomanen d'Méiglechkeet, beléifte Melodien doheem um Piano ze héieren oder nozespillen. Mam Spille war dat allerdéngs esou eng Saach. Déi Variatiounswierker waren dacks nämlech héich virtuos. Vill Komponisten an Interpreten hu profitéiert, aus enger feiner Melodie een technesch héchst usprochsvollt Wierk ze maachen. Ee Champion doranner war de Franz Liszt. Den Chiyan Wong huet elo eng Rëtsch vum Liszt sengen Opere-Fantasien op CD opgeholl, déi de Remy Franck presentéiert.