arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Ensemble sonas KUNE
Koncerto UNU, dat kléngt friem, ass awer näischt anescht wéi Esperanto an heescht "éischte Concert". Een neien, jonken Ensemble presentéiert sech op Ouschterméindeg an der Porkierch zu Fëschbech bei Miersch. Sonas Kune nennt sech d'Kammermuseksformatioun, déi sech aus Museksstudenten zesummesetzt. An och den Numm ass Esperanto: Sonas Kune - zesumme Musek maachen. de Guy Engels huet sech mam Pit Ewen, dee fir de Management zoustänneg ass a mam Bassist Jacques Sanavia iwwert de Projet ënnerhalen.