CD-Klassik
Begeeschterung fir de Schumann
Dem Robert Schumann seng dräi Geiesonate si Spéitwierker, déi dräi Joer viru sengem Doud entstane sinn. Et huet den Impuls, d'Inspiratioun vun engem jonke Geiist - de Joseph Joachim - misse sinn, déi de Komponist dozou bruecht hunn, sech mat dësem Genre ze beschäftegen. De Joachim war regelméisseg zu Düsseldorf bei Schumanns doheem. En huet zu der Romantiker-Clique ronderëm de Schumann gehéiert, grad wéi ee villverspriechende Komponist, de Johannes Brahms. Den Enthusiasmus, mat deem bei Schumanns musizéiert gouf, spiert een och op där neier Opnam vun de Geiesonaten, déi bei LAWO erauskoum.