CD-Klassik
Daphnis et Chloé
De Maurice Ravel an d'Balletsmusek - dat ass ee besonnescht Kapitel Museksgeschicht. Bei sengem "Boléro" - als Balletsmusek bezeechent - krut hie virgeworf e wier verréckt. De Komponist selwer huet dem Dirigent Arturo Toscanini reprochéiert, e géif de "Boléro" esou schëtzeg dirigéieren, datt et onméiglech wier, drop ze danzen. Dat selwecht gëllt och fir "La Valse" - e Poème chorégraphique, deen awer meeschtens als Concertsstéck ze héieren ass. An och de grousse Ballet "Daphnis et Chloé" fënnt ee méi dacks op de Concertsaffichen, wéi als Danzproduktioun. Elo huet de Leonard Slatkin d'Orchestersuiten nei opgeholl. De Remy Franck presentéiert se.