Panorama
Panorama
1. CNEL reagéiert op d'Ännerungen um Premièresexamen. Et wier nach villes onkloer, sou de President Max Bintener
2. Sechs Parteien ënnerschreiwen de Wahlkampfaccord fir d'Gemengewahlen, just déi Lénk refuséieren
3. Handy-Operateure sollen hir Tariffer nom Ofschafe vun de Roaming-Käschten net héijen, seet d'Regulatiouns-Institut ILR
4. Schüler kréie méi Ënnerstëtzung virun der Geselleprüfung duerch zousätzlech Coursen
5. Etienne Schneider ass zefridde mat der Space-Mining-Wirtschaftsmissioun an Amerika, Promotiouns-Aarbecht war "gelongen"
6. USA envisagéiert eng militäresch Interventioun an Nordkorea, wa Pyongyang weider Atomtester mécht
7. Véier Kandidate bal um selwechte Niveau an de Sondagen. Franséisch Presidentschaftswahle sinn den 23. Abrëll
8. Britesch Touristin um Bord vun traditioneller Karfreideg-Prozessioun zu Jerusalem erstach
9. Franséisch Kinosfederatioun géint d'Selektioun vun zwee Netflix-Filmer um Festival vu Cannes
10. Kapitän vun der Futball-Nationalequipe Mario Mutsch wiesselt bei de Progrès Nidderkuer