CD-Klassik
Adriano in Siria
Wann een Giovanni Battista Pergolesi seet, dann denkt een automatesch un de "Stabat Mater" - eent vun de Meeschterwierker vun der Sakralmusek. De Komponist, deen no senger Gebuertsstad genannt gëtt an eigentlech Giovanni Battista Draghi heescht, ass am Fong awer ee vun de Protagoniste vun der italienescher Oper am 17. Joerhonnert. A sengem kuerze Liewen, de Pergolesi krut just 26 Joer, huet e komesch an eescht Opere fir Theateren zu Neapel geschriwwen - ënner anerem "Adriano in Siria", déi et elo an enger neier Gesamtopnam gëtt.