Klassik aktuell
D'Wanda Landowska an den Trio Koch
De Manuel de Falla an de Francis Poulenc hu fir si komponéiert : d’Wanda Landowska, déi den Cembalo aus dem Vergiess geholl huet a mat un der Wéi vun der historescher Opféierungspraxis steet. D’Wanda Landowska ass den Thema vun engem Concert-Conférence en Dënschdeg (25.4.2017) am Stater Conservatoire mat der Cembalistin Anne Galowich. A well d’Wanda Landowska de gréissten Deel vun hirem Liewen am musikalesch wibbelegen Paräis am Ufank vum 20. Joerhonnert verbruecht huet, passt och den 2. Deel vum Concert mat Wierker vu Moszkowski, Milhaud, Martinu, gespillt vum Trio Koch, beschtens an dëse Kader.