CD-Klassik
à madame
Versailles - dat heescht spéitstens zënter dem Roi-Soleil, dem Louis XIV, Pomp and Circumstance a ganz groussem Stil. D'Schlass, seng Gäert an déi ganz Etiquette waren do, fir d'Gréisst vun der Kroun ze representéieren. Dozou huet natierlech och d'Musek gehéiert: les 24 Violons du Roi a les 12 Grands Hautbois de la Grande Écurie ware fest Ensembelen um Haff, deen déi beschte Komponisten engagéiert huet. Den Disque "à madame" reflektéiert déi musikalesch glorräich Zäit zu Versailles.