CD-Klassik
Japanesch Kläng
Iergendwann am Laf vu senger musikalescher Carrière a senger kreativer Aarbecht huet deen amerikanesche Komponist Marty Regan Japan fir sech entdeckt. Vun Improvisatiounen an Jazz-Kompositiounen ass säi Fokus eriwwergaangen op déi traditionell asiatesch Instrumenter a Museksformen, déi zanter engem Studium zu Tokio viru 15 Joer am Mëttelpunkt vu senger kompositorescher Aarbecht stinn. De Marty Regan gesteet selwer, datt ronn 80 Prozent vu sengem Wierk antëscht japanesch inspiréiert Musek sinn. An dat mécht deen neien Disque mat Musek vum Marty Regan eben esou spannend an interessant.