arrow_back_ios
Klassik aktuell
Zwee Grammy-Gewënner an der Philharmonie
An der Operewelt schwätze mer dacks bei de Sängerinnen vun Diven. An den Jazzvocals gëtt dës Bezeechnung och gebraucht. Allerdéngs soll een am Fall vun enger Dianne Reeves dat Wuert Diva am positive Sënn verstoen, fir hir Gesangskonscht besonnesch ervirzehiewen. Iwwermuer Samschdeg ass d’Jazzsängerin mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an der Philharmonie z’erliewen.