CD-Klassik
E grousse Mahler-Interpret
Als laangjäregen Chefdirigent vum Concertgebouw Orchester vun Amsterdam huet deen hollänneschen Dirigent Bernard Haitink de Mahler-Gen. Dem Gustav Mahler seng Musek huet zanter jeehier zu Amsterdam eng grouss Resonanz, hei gouf sech fir d’alleréischt intensiv mat de Symphonien ausenanergesat. An och mat 88 Joer huet d’Begeeschterung an och d’Kraaft, déi ee fir dem Mahler seng Musek brauch, beim Haitink net nogelooss. Mam Symphonieorchester vum Bayeresche Rundfunk huet en elo déi 3. Symphonie opgeholl.