arrow_back_ios
Klassik aktuell
Béimesch Landschaften
Fir hiren nächsten Studio-Concert iwwermuer Sonndeg um Halberg zu Saarbécken huet Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern deen tschecheschen Dirigent Tomáš Brauner engagéiert. Hien huet ee Programm mat Wierker vu sengem Landsmann Antonín Dvořák zesummegestallt. De radio 100,7 an SR2 KulturRadio iwwerdroen dëse Concert e Sonndeg vun 11.00 Auer un zesummen aus dem Funkhaus um Halberg zu Saarbrécken.