CD-Klassik
Liewensreflektiounen
“Wéi een intimen, perséinleche Journal, dee vun enger vun deene schrecklechsten Zäiten vun der Mënschheet verzielt” – esou beschreift de Geiist Gidon Kremer dem Mieczyslaw Weinberg seng Kammersymphonien. Als Judd war d’Angscht dem Weinberg säi stännege Begleeder – fir d’éischt an Nazi-Däitschland, duerno ënnert dem Stalin-Regime an der Sowjetunioun. Dës Liewenserfarung spigelt sech an deene spéiden Kammersymphonien aus den 90er Joren – eng intensiv Ausenanersetzung mat der eegener Biographie.