CD-Klassik
De perfekten Duo
Zwee Fligele stinn sech vis-à-vis, mee d’Pianisten kommunizéieren net mat Blécker a Gesten, mee eleng duerch de gemeinsamen musikalesche Gedanken. Den Duo Ljudmilia Berlinskaja an Arthur Ancelle ass eng staark Kënschtlerperséinlechkeet, zwee Museker, déi net drop halen, sech onbedéngt op eng gemeinsam Lecture vun enger Partitur festzeleeën. Aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen entsteet fir si iwwert dem Spillen ee Ganzt – och an där neier CD-Produktioun, déi sech ronderëm de Franz Liszt dréint.