Panorama
Panorama
Gratis Kannerbetreiung an nei Plaze fir den Encadrement vu Kanner a Jugendlechen, dat huet de Premier Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt
De Finanzminister Pierre Gramegna ass der Meenung, datt et der Lëtzebuerger Wirtschaft den Ament richteg gutt geet
Der CSV feelt et u konkrete Proposen an der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel
D’Cargolux huet d’lescht Joer en Nettobenefice vu fënnef an enger hallwer Millioun Dollar gemaach.
An de leschte sechs Méint gouf et iwwer 350 Licenciementer op der Finanzplaz. Eng schwiereg Entwécklung, fënnt d’ALEBA
Lëtzebuerg kënnt am Ranking iwwer d’Pressefräiheet deen haut publizéiert gouf op Plaz 15, grad wéi d'leschte Kéier. An awer wier Lëtzebuerg negativ opgefall, seet d'Organisatioun Reporter Ouni Grenzen
D’EU-Memberlänner hunn d’lescht Joer ronn 710.400 Asyldemandeuren unerkannt, méi wéi duebel esou vill wéi 2015
De franséische Geheimdéngscht mécht de syresche Regime responsabel fir déi chemesch Attack, de 4. Abrëll zu Khan Cheikun
An der geplangter Steierreform vum US-President Donald Trump ginn d’Steiere fir Betriber vu 35 op 15 Prozent erofgesat.