Klassik aktuell
Musek mat Geméis?
7 min
Eigentlech war et just als eng eemoleg Aktioun vun e puer Frënn geduecht, déi fir e Festival eppes Spezielles maache wollten: Musek mat Geméis. Séier huet sech awer erausgestallt, datt an där Iddi, déi am éischten Ament komplett absurd kléngt, vill Potential stécht. Elo, 19 Joer méi spéit, trëtt de Geméisorchester an der Philharmonie op. Wéi baut een Instrumenter aus Geméis? A kléngt Bio besser wéi anert Geméis? De Luc Boentges huet bei der "Muertistin" Susanna Gartmayer nogefrot.