Klassik aktuell
E Kompositiounsconcours fir Marielidder
7 min
Am Kader vum Jubiläum "350 Joer - Maria Schutzpatréinesch vun der Stad Lëtzebuerg" huet de Pius-Verband e Kompositiounsconcours organiséiert. Aus der ganzer Groussregioun konnte sech Komponiste mellen, an hir Kompositiounen erareechen. Nodeems d'Stécker vun enger internationaler Jury analyséiert goufen, ginn d'Präisser de 6. Mee am Kader vum Ofschlossconcert an der Kathedral iwwerreecht. De Luc Boentges huet mam President vum Pius-Verband, dem Albert Brauch, an dem Dirigent vun der "Maîtrise de la Cathédrale Notre-Dame e Luxembourg", dem Marc Dostert geschwat.