Panorama
Panorama
14 min
Op den 1. Januar vun dësem Joer hu méi wéi 590.000 Leit zu Lëtzebuerg gewunnt
Mat 13 neie Mesurë wëllt de Regierungsrot d’Landwirtschaft méi nohalteg maachen
D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch seet, d'Regierung wier oppen dofir, fir an Zukunft weider Contraceptiounsmëttel ze rembourséieren
56 fréier Reliounsenseignante ginn den Ament forméiert, fir an en nationale Pool vun edukativem Hëllefs-Personal ze kommen
De Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert, Votum Klima no, nach ëmmer an Entreprisen, déi géint Mënscherechter verstoussen a fir grouss Ëmweltschied responsabel sinn
Zwee Deeg virum zweeten Tour vun de Presidentewahlen a Frankräich läit de liberale Kandidat Emmanuel Macron - enger leschter Ëmfro no - an der Wielergonscht däitlech virun der rietsnationaler Marine Le Pen
An de syresche Schutzzone soll d’Wafferou muer a Kraaft trieden
Den Eisträicher Lukas Pöstlberger wënnt ganz iwweraschend déi éischt Etapp vum Giro d'Italia.