Panorama
Panorama
14 min
Bis den Hierscht wëllt d'Uni Lëtzebuerg en neie Recteur fonnt hunn.
Wéinst dem Tram an den Aarbechten um Glacis wäert d'Surface vun der Schueberfouer 2017 méi kleng sinn, d'Zuel vun de Foraine bleift awer déi selwecht.
Am Sträit ronderëm d'Fluchhafe-Bedreiwer-Aktivitéite fuerdert d'Administration de la Navigation Aérienne (ANA), datt de François Bausch seng Entscheedung réckgängeg mécht
A ronn 15 Entreprise vun der Transport- a Logistiksfirma Jost koum et haut zu Perquisitiounen zu Wäisswampech an an der Belsch. An deem Kader sollen och véier Persoune festgeholl gi sinn
De Budget vun der Justiz-Autoritéit louch zejoert bei ronn 85 Milliounen Euro - wat enger Hausse ëm 50 Prozent zënter 2007 entsprécht
D'Bewegung En Marche ! vum nei gewielte franséische President, gëtt ëmgedeeft an "La République en marche"
11 Doudeger an op d'mannst 230 Vermësster, dat ass de Bilan nodeems iwwert de Weekend op en Neits zwee Booter mat Flüchtlinge viru Lybien ënnergaange sinn
Ëm Hallefnuecht ginn de 95er an den 98er Benzin allebéid zwee an en hallwe Cent méi bëlleg.