arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Blosquintett aus Proffen
Mat der Sylvie Michels, dem Thomas Dewez, dem Sébastien Duguet, der Isabelle Lord an dem François Baptiste stinn e Mëttwoch, den 10. Mee, fënnef Enseignanten aus dem Conservatoire du Nord am CAPE op der Bühn. Als Blosquintett interpretéiere si ënnert anerem Wierker vu Johannes Brahms an Darius Milhaud. De Luc Boentges hat d'Geleeënheet bei enger Prouf derbäi ze sinn a mat de Museker ze schwätzen.