CD-Klassik
Kee schlechte Start
Eng Studiensymphonie an eng Nummer Null - zwee Uleef huet den Anton Bruckner sech gegonnt, éier hie seng offiziell éischt Symphonie publizéiert huet. "Ein keckes Beserl", huet de Bruckner selwer d'Wierk wéinst sengem liewegen, jugendhafte Schwong an Tounfall genannt. Dobäi hat en ëmmerhin scho 44 Joer, wéi en d'Uropféierung 1868 dirigéiert huet. Wéi beim Bruckner net anescht z'erwaarden, gëtt et och vun dëser Symphonie méi Fassungen: d'Urfassung, déi "Linzer", déi de Komponist nach eng Kéier revidéiert huet an eng komplett iwwerschaffte Fassung fir ee Concert am Joer 1891 - d'"Wiener Fassung". De Gustavo Gimeno huet sech dës Versioun erausgesicht fir seng éischt gemeinsam CD-Publikatioun mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.
De Guy Engels mat Detailer.