CD-Klassik
Ee vun de groussen Dirigente vum 20. Jorhonnert
Den Anton Bruckner an de Gustav Mahler - dat waren deem däitschen Dirigent Klaus Tennstedt seng Komponisten. Mam NDR-Symphonieorchester huet hien allerdéngs och Beethoven opgeholl. Et war eng schwiereg Relatioun tëscht dem Orchester a sengem Chefdirigent, déi mat engem Paukeschlag op en Enn gaangen ass. Während enger Concertsrees op Paräis huet den Tennstedt d'Bengele bei Tromm gehäit. Mësstéin gouf et also am tëschemënschleche Beräich, musikalesch waren de Klaus Tennstedt an den NDR-Orchester op enger Ligne. Dat ënnersträicht och déi Beethoven-Opnam, déi elo publizéiert gouf.