Klassik aktuell
Museksinstrumenter aus dem Bësch
D'Iddi fir eng Kéier en Instrument ze spillen, hat bal jidderee schonn eng Kéier. En eegent Instrument ze bauen, dorobber kommen déi wéinegst. Mä firwat eigentlech? Instrumenter bestinn dacks aus Holz, an dovunner gëtt et zu Lëtzebuerg méi wéi genuch. Den Naturpark Mëllerdall proposéiert de 27. Mee an den 1. Juli e Cours, bei deem ee säin eegene Xylophon mat Materialien aus dem Bësch baue kann. De Luc Boentges huet sech mat den Organisateuren zu Bäerdref am Bësch getraff a mat hinnen iwwert dëse Projet geschwat.