Klassik aktuell
"De mënschlechen Aspekt ass dee wichtegsten"
D'Quartett-Spill gëllt gemenkerhand als Kinneksdisziplin vun der Kammermusek. Si schäerft dat musikalescht Versteesdemech, mécht de Geescht an d'Ouere fir Detailer op, déi och a groussen Orchesterwierker net dierfen ënnerschloe ginn. Eng Rëtsch Museker aus dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg hu sech dowéinst a verschiddene Quartett-Formatiounen zesummegedoen - ënner anerem am Quatuor Kreisler, deen iwwermuer Sonndeg (14.5.) am CAPE z'erliewen ass. De Jean-Marc Apap ass de Braatschist vum Quatuor Kreisler. Hien huet dem Guy Engels vu senger Begeeschterung fir dëse Genre verzielt a vun der Noutwennegkeet fir déi eege kënschtleresch Entwécklung.