Klassik aktuell
Déi 3. Lëtzebuerger Lidderfouer
Wéi kritt een all d'Experte vun der Lëtzebuerger Musek beieneen? Et organiséiert ee ronderëm déi musikalesch Frëschzellekur vum Lëtzebuerger Lidd eng Lidderfouer. Eng Fouer ass natierlech eng Manifestatioun, wou Mënschen zesumme Spaass hunn. An dat ass een Aspekt vun der 3. Lidderfouer, den 21. Mee 2017 an der Abtei Neimënster, souwéi och zesumme sangen, wat déi sozial Funktioun vum Chouergesank ënnersträicht. Eng Fouer ass awer och d'Iwwersetzung vu Foire - also vu Marché, wou Mënsche sech begéinen, fir Wueren ze presentéieren an Interessenten dofir ze fannen. Bei der Lidderfouer sinn d'Wueren d'Nouten, de Patrimoine vun der Vokalmusek zu Lëtzebuerg. De Guy Engels informéiert.