arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Première
An der Romantik hunn dat däitscht Lied a säi franséische Pendant, d'Mélodie, Héichkonjunktur. Ee vun de groussen Adepten a Frankräich vun dëser poetesch verdichter Form ass de Camille Saint-Saëns. De Saint-Saëns huet en etlech Melodië mat Orchesterbegleedung komponéiert, déi bis dato nach ni enregistréiert goufen. De Yann Beuron, den Tassis Christoyannis an den Orchestra della Svizzera Italiana hunn dat elo nogeholl.
De Remy Franck presentéiert dës CD.