Klassik aktuell
Eng musikalesch Rees
Virun dräi Joer haten zwee Museker bei der Schwäizer Eisebunn fir ë bëssen Opreegung gesuergt, wéi se hire Piano aus Käschtegrënn mat der S-Bunn transportéiert hunn - ze soen als Handgepäck. Esou eng Aktioun ass natierlech verbueden, well dat schwéiert Instrument eng Gefor fir d'Passagéier kéint sinn. Ausser et mécht een eng geplangten Konschtaktivitéit draus, wéi den David Ianni, dee sech opgemaach huet, 12 europäesch Kulturhaaptstied ze besichen. Den Ufank huet de Pianist zu Lëtzebuerg an zu Esch gemaach, an ass fir eng Tëschestatioun beim Guy Engels am Studio.