arrow_back_ios
CD-Klassik
Keng spuenesch Clichéen
De Manuel de Falla ass de Synonym vun der spuenescher Musek am 20. Joerhonnert - eng Musek, déi sech un de Kläng an de Rhythme vun der Volleksmusek inspiréiert, awer keen orchestréierte Copy Paste dovu mécht. Fir all Interpret ass et déi grouss Konscht, grad hei déi richteg Balance ze fannen: spuenesch kléngen ounst déi vill Raffinesse vun der Musek z'iwwertéinen. An dëst ass dem Orchestre National d'Île-de-France a senger neier de-Falla-Opnam gelongen.