Klassik aktuell
Igudesman & Joo
An e klassesche Concert geet ee, fir d'Musek a Rou ze genéissen, d'Virtuositéit vun de Solisten ze bewonneren a sech iwwert déi opzereegen, déi ze haart houschten. Haart Laachen erlaabt de Concert-Knigge net. Well dem Geiist Aleksey Igudesman an dem Pianist Hyung-ki Joo déi klassesch "klassesch Concerten" vill ze seriö sinn, hu si decidéiert, en neit Konzept auszeprobéieren, an aus engem klassesche Concert e Spektakel ze maachen, bei deem een d'Leit un d'Laache kritt. Haut Freideg, 19. Mee 2017, kënnt den Duo op Ettelbréck an de CAPE. De Luc Boentges huet mam Hyung-ki Joo geschwat.