Klassik aktuell
Zéng Joer sinn eréischt den Ufank
Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern kënnt zéng Joer no hirer Grënnung an den Teenager-Alter, an déi nächst Schwiergekeete si schonn annoncéiert. D'Fusioun vun den zwee Orchestere vu Saarbrécken a vu Kaiserslautern war d'Resultat vu massive Spuermoossnamen, a fir 2019 steet schonn nees eng Reduzéierung vum Budget an d'Haus. Deen éischte ronne Gebuertsdag gouf deemno mat gemëschte Gefiller gefeiert. De Guy Engels mat Hannergrënn.