CD-Klassik
Musek aus dem Peru
Vill Wierker gëtt et net méi vun deem peruaneschen Komponist José de Orejón y Aparicio, mä si ginn en Iwwerbléck vun deem, wat um Enn vum 18. Joerhonnert an der latäinamerikanescher Musek passéiert ass: vill europäesch Aflëss, bedéngt duerch d'Conquista an d'Kolonisatioun, awer och eng eege Musekssprooch. Deen hollänneschen Ensemble Música Temprana proposéiert op senger neier CD een akusteschen Abléck an eng dach zimlech friem Welt.