CD-Klassik
Repertoire a Raritéit
De Johannes Brahms an de Gustav Mahler - dat war keng einfach Relatioun. De Brahms huet de Mahler als Dirigent héich geschat, als Komponist huet en näischt vun him gehalen. Béid Komponisten haten och just berufflech Kontakt mateneen, perséinlech huet et net esou gutt fonctionnéiert. Dacks gëtt gesot, de Brahms wier d'Enn vun enger Epoch an de Mahler den Ufank vun enger neier Zäit. Als Symphoniker stinn se allen zwee an enger laanger Traditioun an och als Kammermuseker - och wann dëse Genre beim Gustav Mahler staark ënnerentwéckelt ass. Elo gëtt et eng Opnam, wou Brahms a Mahler sech als Kammermuseker begéinen.