Klassik aktuell
Een neien Départ
Gefeierte Pianist an Dirigent - eng Carrière, déi vill bedeitend Museker gemaach hunn: de Vladimir Ashkenazy, den Daniel Barenboim an och de Florian Krumpöck, dee grad op Initiative vum Daniel Barenboim ëmmer méi dacks vun den Tasten op den Taktbengel gewiesselt huet. 2006 ass et lassgaange mam Dirigéieren. No e puer Chefposten huet de Florian Krumpöck decidéiert, sech net méi un een Ensembel ze bannen - bis eng Propositioun vum Orchestre de Chambre du Luxyembourg koum. Do iwwerhëlt de Florian Krumpöck vun der nächster Saison un d'Baguette vum David Reiland.