arrow_back_ios
CD-Klassik
Beethoven aus Kanada
Dem Ludwig van Beethoven seng 9. Symphonie ass ee Wierk, dat vu Superlative lieft. Duerzou gehéiert sécher och, datt et eent deenen am meeschten opgefouerten an och enregistréierte Wierker gehéiert. Et kennt een dës Symphonie mat hirem glanzvolle Schlusschouer ganz einfach, an et freet ee sech, wat een Interpret nach Neits, Ongewinntes brénge kann. Den Dirigent Bruno Weil a säi kanadeschen Ensembel "Tafelmusik" offréieren eng nei Vue op d'Partitur.