Klassik aktuell
Eng Nominatioun, déi fir Diskussioune suergt
Virgëschter Mëttwoch gouf de Florian Krumpöck als neien Directeur musical vum Orchestre de Chambre du Luxembourg virgestallt. D'Lëtzebuerger Wort wëll elo erausfonnt hunn, datt dës Nominatioun ouni Ofsprooch mam Dirigent vu bis elo, dem David Reiland, geschitt ass. Deen ënnerstellt dem Directeur artistique, dem Jean Muller, ee Frëndschaftsdéngscht vu Pianist zu Pianist. De Jean Muller ass haut live am Studio, fir den Oflaf vun den Evenementer ze erklären.