arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Georg Philipp Telemann
Haut, den 29. Mee trëtt den Ensemble Masques an der Philharmonie op. Um Programm sti Wierker vum Georg Philipp Telemann, engem Komponist deen oft falsch interpretéiert gëtt, fënnt den Directeur artistique Olivier Fortin. Mä wéi soll ee seng Wierker richteg spillen? A wat ass sou besonnesch u senger Musek? De Luc Boentges huet mam Olivier Fortin geschwat.