CD-Klassik
E vergiessene Romantiker
De Groussmonni Conrad Röntgen hat ëmmer méi Succès mat senger Erfindung wéi de Komponist Julius Röntgen mat senger Musek. Och haut ass et net anescht: beim Numm Röntgen denkt en net stante pede um Symphonien a Kammermusek. Dobäi war de Julius Röntgen schonn eng prominent Figur am Leipziger an am Amsterdamer Museksliewen am 19. Joerhonnert. Dat seng Musek elo nei entdeckt gëtt, ass nëmme konsequent. Wéi sot dem Julius Röntgen säi grousse Frënd Edvard Grieg: "D'Röntgen-Strale gi just bis an d'Schanken, dem Julius Röntgen seng Musek geet wäit doriwwer eraus." Elo sinn dem Julius Röntgen seng Symphonien Nummer 9 an Nummer 21 nei op CD ze héieren.