Klassik aktuell
Wéi klengt déi nei Generatioun vu Lëtzebuerger Komponisten?
Am Concert "From baroque to now" kréien d'Schüler aus de Klasse vum Kompositiounsprofesser Claude Lenners d'Geleeënheet ,déi Stécker op d'Bühn ze bréngen, un deenen si dëst Schouljoer geschafft hunn. D'Uropféierunge gi gréisstendeels vu Proffen aus dem Stater Conservatoire gespillt. Op wat kann een sech bei dësem Concert freeën? A wéi ee Stil ass bei der neier Generatioun u Komponiste grad beléift? De Luc Boentges war am Conservatoire an huet mam Claude Lenners geschwat.