arrow_back_ios
CD-Klassik
Chopin aus der Elbphilharmonie
Knapp een halleft Joer ass d’Elbphilharmonie, deen imposanten, neie Concertssall zu Hamburg op, a scho gëtt et eng Rëtsch musikalesch Visitekaarte mam Hausorchester, der NDR-Elbphilharmonie. D’Première huet eng Opnam vu Brahms-Symphonië mam Chefdirigent Thomas Hengelbrock gemaach. Elo ass et den Tour vum éischte Chef invité, dem polneschen Dirigent Krzystof Urbaniski, dee mat sengem Landsmann Jan Lisiecki Chopin opgeholl huet.