Klassik aktuell
Opéra Metz-Métropole: Saison 2017/18
D'Operhaus Metz Métropole ass dat eelsten Opernhaus aus Frankräich wat nach ëmmer a Funktioun ass. E Sall a Bühn wuel nach am ale Stil dee säi ganze Charme nach behalen huet, mat an der Fosse fir di meescht Operproduktiounen den exzellenten Orchestre Philharmonique de Lorraine.
Gëschter war Pressekonferenz wou di kommend Saison virgestallt gouf, a mer hunn eis mam Direkter Paul-Emile Fourny ënnerhalen.