Klassik aktuell
"Eise Produit ass net méi gefrot."
D'Opéra du Trottoir hält op, well keng Demande fir hiren neie Projet besteet, seet de Carlo Hartmann, Fondateur vun der Opéra du Trottoir. Déi grouss Kulturzentren hätten him ze verstoe ginn, datt et un der Zäit wier, net méi weiderzefueren. Wat stécht derhannert? De Luc Boentges huet mam Carlo Hartmann geschwat, beim Kinneksbond zu Mamer a beim CAPE zu Ettelbréck nogefrot.