arrow_back_ios
CD-Klassik
Sakral Musek oder liturgesch Oper?
1874 komponéiert den Giuseppe Verdi seng Messa da Requiem - een Hommage un den Dichter Alessandro Manzoni. De Manzoni war eng vun de grousse Figure vum Risorgimento, vum neie Selbstbewosstsinn vun Italien als eegestänneg Natioun - eng Stréimung, déi och de Verdi ënnerstëtzt huet. De Requiem huet deemno och eng staark profan, politesch Komponent - ee Fait, mat deem sech als Interpret muss ausenanersetzen - och den Dirigent Gianandrea Noseda an där neier Opnam mam London Symphony Orchestra.