arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Schëfflenger Affaire
Trotz senge ville Verflichtungen als Solotrompettist vum BBC National Orchestra of Wales hält de Philippe Schartz u senge Schëfflenger Wuerzele fest. De Museker kënnt esou dacks ewéi méiglech a seng Heemechtsgemeng. Eng vu senge leschte Visitë war am Dezember d'lescht Joer, wou de Philippe Schartz vun der Geleeënheet profitéiert huet, zesumme mam Doumorganist Paul Breisch een Disque opzehuelen.