Klassik aktuell
Konzertmatinée live vu Saarbrécken
Déi lescht Wierker vum Mozart mat der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern erwaarden Iech op eiser Antenn e Sonndeg, den 11. Juni um 11:00 aus der Congresshalle zu Saarbrécken.
Et ass eng Trilogie, vun där den Alfred Einstein sot: "Kein Auftrag mehr, keine unmittelbare Absicht, sondern Appell an die Ewigkeit." Nëmmen e puer Méint viru sengem Doud schreift de W.A. Mozart seng dräi lescht Symphonien, d'Nummeren 39 bis 41. Déi dräi Wierker sinn d'Synthes vum Komponist sengem ganze Wierk. Eng leschte Kéier sammelt de Salzbuerger Meeschter all seng Energie, fir nach emol grouss opzetrompen an dräi Partituren ze schreiwen, déi ganz ënnerschiddlech am Charakter sinn.