D'Tories a Groussbritannien wëllen eng Regierung bilden mat der Ënnerstëtzung vun der nordirescher Unionistepartei DUP
Den EU-Kommissiounspresident Jean Claude Juncker hofft, datt et net zu Retarde bei den EU-Austrëttsverhandlunge kënnt
Den US-President Donald Trump gesäit sech duerch d'Aussoe vum James Comey virum amerikanesche Senat rehabilitéiert
De Kooperatiounsminister Romain Schneider reagéiert op d'Kritik vu verschidden ONGen un der europäescher Entwécklungspolitik
Den Ausnamezoustand a Frankräich soll de 15. Juli fir déi sechsten a leschte Kéier verlängert ginn
Néng Persounen, déi der Terrormiliz Islamesche Staat nostinn, goufen am Iran festgeholl, no den Attentater vun e Mëttwoch an der iranescher Haaptstad Teheran
Déi lëtzebuerger Volleyballfederatioun trennt sech vum Dammen-Nationaltrainer Detlev Schönberg
Schalke 04 kritt mam Domenico Tedesco en neien Trainer.