Klassik aktuell
"Dank Iechternach kann ech endlech Glass spillen"
Et war een Optakt ewéi aus dem Billerbuch fir den Iechternacher Festival: den Ouverturesconcert mam Daniel Hope op der Gei an dem Simon Crawford-Phillipps um Piano. Béid Museker hate romantesch Musek vun der Leipzig-connection matbruecht: Schumann, Wieck, Brahms, Mendelssohn a Grieg - Museker, deenen hir Weeër sech am Gewandhaus gekräizt hunn. Zwee Récitalen, eng Meeschterklass an ee Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg - esou gesäit dem Daniel Hope seng Residenz beim Iechternacher Festival aus.