CD-Klassik
Parfum
Zanter zéng Joer gehéiert d'Christiane Karg zu deene markante Stëmmen aus der neier Sängerinnen-Generatioun. No hirem Debut bei de Salzbuerger Festspiller ass et riicht op gaange mat der Carrière bis un d'Met zu New York, wou d'Sopranistin sech am Fréijoer fir d'éischt presentéiert huet. D'Christiane Karg iwwerzeegt net nëmmen op der grousser Bühn, mee och an der klenger, an der intimer Form vum Lied. Elo huet se sech mat franséischer Dichtung beschäftegt - d'Resultat ass pur musikalesch Poesie.